Dëck Frénn Vol.3 - Les Méchants et les Misérables - Skif & Dresch
A Lëtzebuerger Sprooch. 99 illustréiert Säiten, Format 215 x 255 mm. ISBN 978-99959-949-8-3 Éditions d'Lëtzebuerger Land, 2026
Op 99 Säiten, am Faarfdrock an an enger flotter Hardcover-Ausgab, presentéiert dëst Buch d'BDen aus der Serie Déck Frënn vum Skif a vum Dresch, déi an de Joren 2023 an 2024 am Lëtzebuerger Land publizéiert goufen.
No deenen éischten zwee erfollegräiche Bänn ass Les Méchants et les Misérables den drëtten Deel vun dëser satirescher BD-Serie, déi sech mat der politescher Aktualitéit zu Lëtzebuerg auserneesetzt.
De Skif (Moe Skifati, Zeechnungen) an den Dresch (Jacques Drescher, Zeenarien) huelen och dës Kéier d'Politik an d'Politiker am Grand-Duché op d'Korn. Vun de Chamberwalen 2023 iwwer de Regierungswiessel an d'Arrivée vum Luc Frieden un d'Spëtzt vun der Regierung bis hin zu den Europawalen 2024: Mat Humor, Ironie an engem kritesche Bléck kommentéieren déi zwee Auteuren déi wichtegst politesch Evenementer aus dëser Zäit.
D'BDen, déi all Woch am Lëtzebuerger Land publizéiert ginn, bidden esou e satiresche Réckbléck op zwee beweegt Joren an der Lëtzebuerger Politik.
Quand vous commandez un livre, merci de ne pas commander un abonnement
en même temps afin d'éviter des erreurs de frais de livraison.